Mësslongene Baamschnëtt

hei huet e Bauer sech Holz gemaach fir sech ze wiermen. Dobäi ass net nëmmen dëse Bam miserabel geschnidde ginn. Dëst ass eng Lann, déi viru Joren op Initiativ vun dem Natur- a Vulleschutz geplanzt gouf. Elo ass se eng Säit opgeäscht ginn, dat stéiert d'Saaftwoo an de Stamm gëtt elo do dem Sonneliicht ausgesat. Dat verdroe d'Lannen, wéi och d'Eechen net gutt, déi sinn och haut um 1 Mäerz an der Heck esou vergarrelt ginn.