Mippercher

D'Gemenge stelle Këschte mat Tute fir de Mippercher hire Kacka op. Dat ass eng flott Iddi. Mee wat verschidde Leit domat maachen, ass eng aner Geschicht: Do gëtt et der jo, déi verpaken de Kacka schéi propper a geheien dann déi gefëllten Tut an d'Landschaft. Do misst d'Gemeng wierklech eng Opklärungsversammlung maache fir de Leit dat richteg ze weisen, well déi verstinn net, dat deen Offall elo nach e puer Joer méi laang brauch. Esou laang bis déi Tut do verrott ass.