Summercamp fir Ukrainesch Kanner zu Leideleng

De Buergermeeschter Lou Linster zesumme mat de Schäffen an engem Member vum Gemengerot hunn e Freiden de Summercamp vun den ukrainesche Kanner zu Leideleng besicht. De President vun der asbl LUkraine Nicolas Zharov an d’Vize-Presidentin Inna Yaremenko si ganz zefridde iwwert de gudden Accueil an hunn dofir de lokalen Autoritéite Merci gesot. D’ Gemeng Leideleng ass fest décidéiert hir Efforte weider auszebauen, fir de Kanner e bësse Liewensqualiteit ze ginn an hinnen eng normal Kandheet wäit ewech vum bewaffnete Konflikt ze erméiglechen.