90 Joër Léiler Musik

Fir dësen Gebuertsdaag ze feieren, ha mer a Form van éinem Konveniat all aktuel an ehemolig Memberen ageladen fir mat eis desen Gebuertsdaag ze feieren. Mir han agefongen Moies, den 19. Nov. 2023 ëm 10:30 Auer mat éiner Mass, zu Éieren van der hl. Caecilia an o vir an all déi verstuarwen Memberen van eiser Musik ze gedenken. D'Mass guff vam Paschtuer Jempi Schuller gefeiert a guff begleet van der Chorale va Léiler a mat Quartetten van Blech- an Holzblieser. No der Mass guffe Bloumen beim Monument aux morts néiergeleit fir allen verstuarwenen Memberen ze gedenken. Dono gunge mer an den Centre culturel fir de Gebuertsdaag viran ze feieren. Beim Apéritif guff een kurzen Rëckblëck iwert déi 90 Joer gemat mat all denen wichtigsten Fester an Datumer déi am Veräin statt fond han. Dono hat den Buergermeester Georges Keipes eiser Musik fir déi 90 Joer gratuléiert a Merci gesot fir all di Déinster déi mir fir eis allgemein Kultur op all denen Joren geleest han, an op den Apéro invitéiert hat. Nom Aperitif gung et op de Buffet, de vam "Traiteur des 3 Frontières" servéiert guff. Zëkt ass geloof an esu gung een wonnerschingen Daag fir déi Léiler Musik op en Enn.