Charity Dinner fir Mammen an hir Kanner a Südkorea

D’Amicale Internationale d’Aide à l’Enfance huet de 7. Oktober e grousse „Dîner de Bienfaisance“ am Tramsschapp um Lampertsbierg organiséiert. De Benefice vun dem Owend geet integral un Holt Children’s Services a Süd Korea.

Zu Suwon fonctionnéiert, mat de Ënnerstëtzung vun Holt e Center fir jonk net bestuede Mammen. Si kënnen do während zwee Joer mat hirem Kand liewen. Nieft der alldeeglecher Betreiung als jong Mamm kënne si hei hir Sekondärsschoul nohuelen oder kréien eng berufflech Ausbildung. Si kréien awer och Informatiounen iwwert Gesondheetserzéiung, Sexualerzéiung an iwwert Geforen vun Alkohol an Drogekonsum. Mat der Hëllefe vu Psychologen an aner Professioneller gi si esou virbereet op e Liewen mat hirem Kand ausserhalb vum Center.

Häerzlech begréisst huet d’Presidentin vun der AIAE, d’Madame Malou Schaul-Boonen, all d’Sponsoren an Donateuren, an e grousse Merci ass gaang un den Organisatiounscomité vum „Dîner de Bienfaisance“. Duerch den Owend gefouert huet den Här Sylvain l’Hote, Vize-President vun der AIAE.

No dem Här Jacques Rodenbourg senger Foto-Présentatioun vun der landschaftlecher Schéinheet vu Südkorea huet déi jonk koreanesch Kënschtlerin Ena Han den Owend verschéinert mat traditionellen koreaneschen Trommel Rhythmen, koreaneschem Danz (Salpuri) a Schwäert-Danz.

Duerno konnten d‘Inviteeën sech un engem Buffet mat koreaneschen Spezialitéiten, preparéiert vun der Madame Mi Hee Lentz an hirer Equipe, erfreeën.