Diplomiwwerreechung 2020 am LRSL

An Zäiten vun Covid-19 gouf d‘ Diplomiwwerreechung vun den Ofschlossklassen vum Lycée Robert-Schuman dëst Joer fir all Klass eenzel, en Donneschdeg 2. Juli an e Freideg 3. Juli organiséiert. An der festlech ageriichter Sportshal vum Lycée kruten d’ Primaner, am Respekt vun de sanitären Bestëmmungen, virun hiren Elteren an Enseignanten vun der Direktioun hir Diplomer iwwerreecht. No der traditioneller Gruppefoto huet jeeweils ee Schüler am Numm vun der Klass der Direktioun, den Enseignante an alle Mataarbechter vum Lycée merci gesot fir hir vill Méi an Engagement an dëser schwiereger Zäit. D' Schoulcommunautéit vum LRSL wënscht de Lauréaten vill Erfolleg fir hir Zukunft a freet sech, den een oder aneren beim "Back to the Roots” dat nächst Joer erëm ze gesinn.