Journée familiale de l'AIAE

28
Apr
2024
28 Apr

D'Amicale Internationale d'Aide à l'Enfance invitéiert op hirt grousst Familljefest e Sonndeg den 28.Abrëll vun 11h-18h am Festsall "A Mouschelt" zu Lëntgen. Fräien Entrée. Während dem ganzen Dag ginn et Attraktiounen fir déi Kleng an déi Grouss: eng grouss Spillplaz, Sprangschlass, Face Painting, Tombola, Animatioun, e Stand mat Artikelen aus Südkorea, Indien an dem Vietnam. Fir Iessen an Drénken ass gesuercht. Den Erléis vum Dag geet integral un eis Projeeën an Indien, Südkora a Vietnam. Info op: www.aiae.lu