Méindesowes spillen d'Bopen! (O-Toun vum Trainer). Dat heescht fir d'Spiller vun der Lëntgener Härenequipe, d'Posch paken, déi al Schanken zortéieren, déi kleng Bobo'en vergiessen an dem Géigner an sengen eegene Matspiller all méindes op en neits an engem bëssege Match beweisen, dass een et nach ëmmer drophuet. Kréinenden Ofschloss vu sou engem Méindegowend ass awer net nëmmen dee gudde Maufel, deen een duerno zesummen ësst, mais virun allem dee gudde Patt nodeems den Arbitter de Match ofgepaff huet. A genau do ass zu Lëntgen eng Persoun kaum wegzedenken: d'Christiane Mathey.
D'Christiane ass mëttlerweil schonn 30 Joer beim FC Minerva Lëntgen aktiv. Zanter 10 Joer këmmert hat sech em de Chalet, an dat net nëmmen bei der Härenequipe. Nieft eisen Dammen an deenen zwee Seniorsequippen, huet et och dofir gesuergt, dass bei de Matcher vun der Jugend keen Duuscht an Honger gelidden huet. Ronn 8 Equipen huet hat Woch fir Woch betreit, an esou vu freides bis méindes vill Zäit um Terrain verbruecht. Zesumme mam Huwer Fern, war hat bei all Wieder um Dill, bis dass och dee läschte Client keen Duuscht méi hat, an dat dauert zu Lëntgen munchmol bis mueres fréi.
Aus gesondheetleche Grënn mussen eis zwee verdéngschtvoll Memberen awer elo méi lues trieden, an aus deem Grond huet de ganze Veräin, a besonnesch eis Härenequipe, dem Christiane an dem Fernand an enger klenger Feier MERCI gesot. No sou vill Asaz fir eise Veräin hunn si sech hir "Pensioun" verdéngt an de ganzen FC Minerva Lëntgen hofft, dass si eis nach laang op der anerer Säit vun der Buvette erhale bleiwen.