Lëntgen: D'Kandidatinnen an d'Kandidaten vun den Engagéierte Bierger fir d'Gemengewalen vum 8. Oktober 2017 hun sech der Ëffentlechkeet virgestallt

D'Gemeng Lëntgen huet d'Awunnerzuel vun 3.000 Awunner um Stechdag knapps verfeelt (~150 Awunner hu gefeelt). Duerfir gëtt bei de Gemengewalen vum 8, Oktober 2017 nach nët nom Parteiesystem gewielt. An duerfir trëtt d'LSAP Sektioun Lëntgen, wéi och schons 2011, mat enger oppener Lëscht mat Kandidatinnen a Kandidaten vun den "Engagéierte Bierger" un.
E Freideg den Owend hun d'Kandidatinnen an d'Kandidaten vun den "Engagéierte Bierger fir eng sozial Gemeng" sech an enger guddbesichter, ëffentlecher Versammlung am Café-Restaurant "Op der Gare" der Ëffentlechkeet virgestallt.
D'Député-maire Cécile Hemmen huet an engem flotten Referat iwwert hier Erfahrunge an der Gemengepolitik informéiert. Och konnt sie de Lëntgener Kandidatinnen a Kandidaten vill gudd Rotschléi mat op de Wée ginn. An d'Cécile Hemmen huet och gekonnt a professionnel d'Virsstellung vun der Equipe vun den "Engagéierte Bierger" moderéiert.
Foto 1: Vu lënks no riets: Ranganathan dit Ranga Johanns, Yasmine Streveler, Jeff Herr, Anne Diederich, Patrick Robert, Louis Pinto, René Theis, Jos Consbruck. Op der Foto feelt de Marc Heiderscheid.
Foto 2: Vill interesséiert Bierger hun der Kandidatinnen a Kandidatenpräsentatioun beigewunnt.
Fotos: Paul Provost