Daachstullbrand zu Leiweng

Den 8.12 koum et zu Léiweng an der "rue de Bettembourg" zu engem Daachstullbrand. Et gouf kee blesséiert.

Géint 15:45 sinn d'Pompjeeë vu Réiser an d'Permanence vu Beetebuerg op e Brand zu Léiweng geruff ginn. Beim Antreffe vun den éischte Rettungsequippen koum et zu enger Duerchzündung vum Daachstull, wouduerch den Daach vum Eefamilljenhaus a Vollbrand stoung. Fir genuch Otemschutzdréier op der Platz ze hunn gouf vun der Asazleedung entschloss eng Alerte Générale fir Beetebuerg ze drécken an d'Pompjeeën Hesper mat engem Tankwon nozeruffen.

Ënner schwéierem Otemschutz hunn direkt e puer Truppen iwwer 2 Bannenugrëffer (Innenangriff), 1 Baussenugrëff (Aussenangriff) souwéi een Ugrëff iwwer d'Dréileeder probéiert d'Feier ënner Kontroll ze kréien, wat géint 17:00 dunn och areecht war.
Déi weider Läschaarbechten hunn sech higezunn. Ënnert anerem gouf den Daach vum Haus iwwert eng Dréileeder an een Teleskopmastfahrzeug (TMF) opgerappt. Eréicht géint 19:00 Auer konnt "Feuer aus" gemellt ginn.

Nodeems d'Gebai nach belëft gouf, konnten déi meescht Asazkräft zréckfueren. D'Pompjeeë Réiser si fir weider Nooläschaarbechten nach op der Platz bliwwen. Blesséiert gouf keen.

Am Asaz waren den Asazzenter Beetebuerg mat 9 Gefierer, enger Ambulanz a 26 Leit, d'Pompjeeë vu Réiser an Hesper, de Regionalinspekter an d'Police. Während de Läschaarbechten war d'Strooss fir de Verkéier gespaart.

Mir wëllen dovu profitéiere fir de Betriber, déi d'Asazkräft während dem schwéieren Asaz mat Gedrénks versuergt hunn, e grousse Merci ze soen!

Am Unhang fannt dir eng Rei Fotoen an den detailléierten Pressebericht.

Fir weider Froen stinn ech Iech gären zur Verfügung. E schéinen Owend.

Fir de CIBETT,
Max Delvaux

Service Presse - Centre d'Intervention Bettembourg