Buergermeeschtesch-Dag 2026 zu Luerenzweiler

Buergermeeschtesch-Dag 2026 zu Luerenzweiler

Op Besuch zu Luerenzweiler, hunn déi aktuell a fréier Buergermeeschteschen aus dem Land, leschte Méinden 6te Juli, e flotten a gesellegen Dag zesumme verbruecht.

No enger Begréissung mat Kaffi a Croissant stoung d’Visitt vun der Struktur « Nei Aarbecht » vum CNDS (Comité national de défense sociale / www.cnds.lu/nei-aarbecht) um Programm. An deenen eenzelnen Atelier’en konnten si den « Encadrés » iwwert d’Schëller kucken a kruten en Abléck an déi interessant a wäertvoll Aarbecht vun dëser sozialer Struktur.

Um uschléissenden Trëppeltour iwwert d’Vëlospiste, goufe verschidden ekologesch a kulturell Projet’en vun der Gemeng Luerenzweiler virgestallt.

Nom Apero op der Gemeng, kruten eis Gäscht e gudde Menu an der Kantin vum CNDS zervéiert, wou si den Dag mat interessante Gespréicher an dem Austausch vun Erfarungen ausklénge gelooss hunn.


Marguy Kirsch-Hirtt, Buergermeeschtesch Gemeng Luerenzweiler