"LOKALE MAART 2017 " ZU LUERENZWEILER
um weitere Bilder zu sehen.
Bei bësschen mei reeneregem Hierschtwieder war deen 3. " Lokale Maart " zu Luerenzweiler ewéi schon déi Joren virdrun ee groussen Erfolleg.
Op engen 30 lokal a regional Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Schneesstäschen ,Eisekuchen, Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté a Villes méi verkaf. Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gebitztes , Gestrécktes , Geheekeltes asw. Verschidden Informatiounsstänn waren och um Rendezvous .
De ganzen Dag iwwer war och fir gutt Iessen gesuergt. Bei dem "Coin de Terre et le Foyer " gouf et gutt Zoppen oder agemaachten Hierken, beim lokale "Fëscherclub " Gulaschzopp , bei den " Luerenzweiler Guiden a Scouten " Gegrilltes an den "FC Lorentzweiler " huet Kniddelen mat Wäinzoossiss oder Kniddelen vegetaresch zerwéiert. Bei dem "Luerenzweiler Jugendclub " krut een eppes géint den Duuscht .
Dat ganzt war organiséiert vum Klimateam Gemeng Luerenzweiler .
Fotoen:
STEYER ROBY © copyright
FALKENBURG PETER © copyright
STEYER - FONCK ALICE © copyright