LOKALE MAART ZU LUERENZWEILER


Trotz Reen war den desjähregen " Lokale Maart " zu Luerenzweiler ganz gutt besicht !


Op engen 15 lokal a regionalen Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté , Wëldpaté , Wëldzoossis a Villes méi verkaf.

Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gestrécktes , Gebitztes asw.

Fir Iessen a Gedrénks hunn déi lokal Veräiner gesuergt.

Während dem Aperitif war eng " Brass Band " fir déi gutt Stëmmung zoustänneg.

Dat ganzt war organiséiert vun der Administratioun a Klimateam Gemeng Luerenzweiler .



Foto: Steyer- Fonck Alice