2020 war och fir d'Association Don de Moelle en ganz speziellt Joer....
Trotz den annuleierten Aktionen an den Aschränkungen konnten sie Rekorden briechen :
96 POTENTIELL Spender goufen eremgeruf.
14 sin SPENDEN gaangen.
2127 nei Aschreiwungen.
Desen Afolleg hun sie net alleng areescht an dofir sin sie an di verschidden Partnerlaboratorien Laboratoires Bionext, Picken Doheem, Laboratoires Ketterthill, Laboratoires Reunis a Gesond.lu gaangen fir hinnen Merci ze soen fir hier Ennerstëtzung.
Un hierer Seit war d‘Élina Ecker, als Botschafterin fir eng geheelten Leukämiepatientin. Hatt krut firun 3 Joer seng Stammzellspend an domadder d'Chance en gesond Liewen ze feieren!
Weinst de Covid-Restriktionen huet sech d‘Stefan Morsch Steftung entschellegen geloos.
Jidderengem e groussen Merci fir seng Hellef!