And One Podcast

Kreativ, jonk an dynamesch, den éischten Podcast vum Lëtzebuerger Wort mam Bob Hemmen ab dem 26. Mee 2021.


Op mech wierkt den Bob Hemmen, net nëmmen jonk an bereet fir eppes Neies. Hien ass mat Laïw a Séil dobäi a wann en net wosst wat e Podcast war, spéitstens elo wou de Bob mat enger Begeeschterung erkläert, weess en waat en net verpassen soll.

D’Iddi fir den éischten Podcast-Basket ass him scho ganz fréi komm. Virun 10 Joer huet en hei zu Lëtzebuerg kaum driwwer diskutéiert. Et ass eng aner Method fir iwwert de Sport d’Interessi auszetauschen. Beim Sprint kann en den Dialog vum Lieblingssportler lauschteren. Et ass en agreabelen Begleetmedium. Dëst wär denkbar witzeg wann en Zeitung wärend dem Lafen liesen géif.


Et ass fir de Bob en liefhaften Challenge. Et ass eng aner Preparatiounen fir d’Interviewer ze féieren wéi am Print. De Publik soll nei a jonk Zilgruppen uschwätzen, net nëmmen eis trei Lieser aus dem Print. Fir eng Sendung ass idealerweis eng hallef Stonn top, esou d’Experten-Kolleegen aus der Belsch, déi scho méi Erfarung hunn.

Dëst ass eng Zäitspan wou een op d’Schaff fiert oder wou d’Sendungen en um Heemwee, begleeden.


De Bob spillt selwer Basket zu Mondorf an der 2. Divisioun an et louch op der Hand datt hie eppes iwwert a mat dësem Sport well maachen. De jonken Bob huet e gudden Start fir dëst ze meeschteren. Hie kennt vill jonk Leit, huet vill Relatiounen iwwert Joren opgebaut. Vernetzung sollt genotzt ginn fir dës spannend Erausfuerderung.

Radio huet dem Journalist awer net direkt eppes gesot. Themen kann en am Print méi déif ugoen a beschreiwen.


De Lëtzebuerger huet eng gutt Erfarung, huet weder Angscht fir drop lass ze schwätzen, nach ass hien opgereegt wann et virun de Mikro geet. Hien ass éischter en den sech d’Lat selwer héich hält a well des Aarbecht gutt maachen.

Et ass ganz Nei, et ass den éischten Podcast vum Lëtzebuerger Wort. Selbstverständlech huet een d’Ongewëssen, grad hei zu Lëtzebuerg. Et freet en sech wéi grouss Interessi ass an wéi kennt et un bei de Leit?


Et ass all Mëttwoch eng Sendung op online.wort.lu/and-one géint 7:00Auer Mëttwoch-Moies fréi an et ass gratis, keen Wort+. An der Nuecht vum Dënschden op e Mëttwoch 24:00 Auer kann en et scho um Spotify (just umellen do), lauschteren.

De Sportsfreak ass zu Lëtzebuerg den 13. August 1992 gebuer. Den haut 28 Joer jonken Sportsmann, erënnert sech gären un seng Kandheet, wou hie mat sengem Papp eng Dauerkaart haat, fir d’Fussballmatcher kucken zougefuer bis op Kaiserslautern. De Sport war ëmmer schonn en Thema a wäert et och e Liewe laang bleiwen.

Wat eisen Bob nach esou mécht? Zwar net um Bierg mat den Schi, awer privat mat der Frëndin, mol mat Frënn oder an der Famill, genéist hien och eng Raclette bei kalen Temperaturen.


Geschmuust gëtt mat sengen zwou Mieze-Kazen. Seng 7 Joer al Maine-Coon “Nala” mat groem Pelz huet den Lëtzebuerger verzaubert. Domadder net genuch, eng schwaarz/wäiss, 8 Joer al Stroossekaz “Lily” kennt och net ze kuerz a verséisst a beräichert säin Liewen.


De Bob huet mech begeeschtert a senger Äentfert op d’Fro:” Lieblingsthema wat ganz Welt beschäftegt?” den nach net mol 30 järegen fënnt nach ëmmer datt net genuch fir Chancëgläichheet ënnerholl gëtt. Nach ëmmer ginn et Leit déi Rassistesch Aussoen treffen. Hie géif sech wënschen datt Gläichstellung vun Geschlechter net ëmmer op Neies muss diskutéiert ginn. Ëmmer erëm, op am Beruff oder am Privaten, ginn et nach ëmmer vill ze vill Ënnerscheeder.

Männlech Kolleegen schwätzen heiansdo méi haart an domadder gëtt der Fra net genuch Méiglechkeet ginn, sech och auszedrécken, ouni sech mussen mat Ielebéi no vir ze schaffen. Méi Respekt an Toleranz.


Eisen Enthusiast wënscht sech vill Spaass op der Aarbecht. Datt de Podcast an déi richteg Richtung leeft schwëmmt, och bei Schwieregkeeten. Opginn ass keng Optioun.

Wichteg ass, datt en ënnert eegen Regie schaffen kann. Och wann en keen Problem huet mat enger Aarbecht déi en opgebrummt kritt, begréisst een et awer, säin Beitrag kennen an dierfen ze leeschten ouni Drock. Mir hunn awer eng gewëssen Fräiheet déi aner Beruffer net hunn.

Text a Fotoen: Anouk ANTONY