Boosterimpfung a Popup

De moie war ech mech dann och booste lossen. An d'Groussgass. An de Popup. Ech war kuerz virun der Ouverture do (5vir11) an hu sage und schreibe iwwer 3 Stonnen an der Keelt gewaart (non-stop gewaart..ech hu guer keng Pause beim Waarde gemach). D'Doktesch huet mech fir d'éischt misse mat engem Fön enttdee'ën soss hätt se d'Nol guer net an den Arm era kritt.
Meng Noperen an der Schlang sinn zu menge bäschte Frënn ginn, deen een huet mech op seng Hochzäit invitéiert an den aneren huet mech gefrot fir Pätter bei sengem Klengen ze ginn.
Méi hannen an der Schlang hunn 2 Fra'en accouchéiert, eng Koppel huet sech d'Jowuert ginn an 2 anerer hu sech scheede geloss.
Endlech hunn ech och verstan wisou d'Impfung eis Gesellschaft sou spleckt:
Déi eng hu misse lënks lanscht d'Rei goen, déi aner Riets.
Un all déi aarme Schwäin déi elo nach beim Granitblock warden: gitt getrouscht heem, haut kommt der net méi un d'Rei.