Commemoratiounsfeieren zu Hinzert
Commemoratiounsfeieren zu Hinzert
Virun 80 Joer koumen d’Streik- an d‘Resistenzaffer vun Hinzert heem op den Nikloskierfecht
Lëtzebuerg/Hinzert (D). E Samsdeg, den 19. September 2026, organiséiert de Comité pour la Mémoire de la Deuxième Guerre Mondiale zesumme mat der Amicale des Anciens de Hinzert wéi all Joer Commemoratiounsfeieren an der Gedenkstätte vum fréieren « SS-Sonderlager / KZ Hinzert.
Dëst Joer ass am Virmëtteg déi international Feier ënnert der Dagespresidentschaft vu Frankräich. Nieft dem Undenken un all Häftlingen, gëtt dëst Joer besonnesch un déi jugendlich Häftlingen erënnert. Tëschent 1942 an 1945 waren iwwer 240 Jugendlicher ënnert 21 Joer am Lager an dodrënner waren iwwer 90 franséisch Jongen. Dräi Museksstudenten vum Cents begleeden dës Feier an et ginn Texter gelies vu jeweils engem Student aus Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland.
Um 14.00 Auer ass dann virun der „Sühnekapell“ d’Gedenkmass vir déi Lëtzebuerger Affer vun Hinzert. Dëst Joer ass dës Mass och ganz speziell. D’Chorale Ste Cécile vum Cents séngt d‘Uropféierung vun engem neië Massordinarium mat lëtzebuerger Melodien als Undenken un déi Deeg vum 9. an 10. Mäerz 1946 wou eis ermuerte Streik- an Resistenzaffer vun Hinzert zeréck op Lëtzebuerg bruecht goufen.
D’Leit, déi bei dëse Commemoratiounsfeieren wëllen derbäi sinn, hunn d’Méiglechkeet, fir gratis mam Bus op Hinzert ze reesen. D’Umeldung fir d’Bussen kënnt Dir maache beim Edmond Faber, President vun der Amicale Hinzert, um Telefon 80 26 12 (owes tëscht 18 an 20 Auer) oder per E-Mail edmfaber@pt.lu bis spéitstens e Freideg, den 11. September. Well d’Parkméiglechkeeten um Site zu Hinzert begrenzt sinn, sollen d’Leit vun de Busse profitéieren. Déi Leit, déi moies mam Privatauto kommen, sollen sech och beim President umellen. Edmond Faber via Mywort