D'CHORALE CAECILIA SCHIEREN 90 JOER JONK

Generalversammlung vun der Chorale Caecilia Schieren

Schieren: Den 20.01. hat d'Chorale Caecilia vu Schieren op hir 90. Generalversammlung invitéiert.

A senger Usproch huet de President senge Sänger, den Organisten, dem Dirigent esou wéi och dem Kommitee Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht gesot. E grousse Merci goung un d’Gemeng fir de Subside, a fir all méiglech Ënnerstëtzung, besonnesch och fir de Support vun der technescher Equipe, déi ëmmer disponibel ass, wann Nout um Mann ass.


Aus dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin goung ervir dass de Chouer ganz aktiv war, an dat, mat insgesamt 84 Aktivitéiten: 48 Prouwen a 35 Massen, dovun 7 Begriefnessmassen. De Comité huet sech 11mol getraff.

Wat d’Previsiounen vun 2023 ubelaangt, do stinn ënnert anerem folgend Evenementer um Programm:

De 05.02. feiert d’Chorale déi kleng Kiermes a luet op e gutt Mëttegiessen am Alen Atelier an.

Den 11.06. sengt d’Chorale d’Tëleesmass. Vum 07.07. bis den 21.07. ass en Ausfluch an d’Normandie geplangt.

De Jubiläumsconcert zum 90. Gebuertsdag ass fir den 07. a 15.10. geplangt, de Concert gëtt zu Ierpeldeng un der Sauer an zu Schieren gesongen, dat zesummen mat verschidden aneren Chorallen. Um Programm sti flott Wierker vum Dicks, deen och säin 200. Gebuertsdag géif feieren.


De Keesebericht virgedroen vun der neier Caissière huet bewisen, dass déi finanziell Situatioun vun der Chorale gesond ass. D’Keeserevisoren hunn d’Exaktheet vun der Comptabilitéit confirméiert a wëllen hiert Mandat als Revisoren och weiderhin ausféieren.


A senger Ried huet de Buergermeeschter der Chorale e grousse Merci ausgedréckt fir hiert Engagement, wat zur kultureller Opwäertung vum Duerf, sief dat an de Massen, oder Presenz op de verschiddene Manifestatiounen, bäi dréit. Am Summer soll de neie Kulturzentrum „déi al Schoul mat historeschem Wäert“ déi néideg Infrastrukturen virweisen, fir Concerten do ze presentéieren. Hien huet verséchert, dass d' Gemeng ëmmer eent oppent Ouer fir seng Chorale huet, an dass de Veräin op d'Ënnerstëtzung vum Service Technique vun der Gemeng kann zielen.


Den Dirigent Jean Gehlen huet e Merci un all seng Sängerinnen a Sänger, an un d‘Organisten geriicht. Hien huet dat gutt Verhältnis mat sengem Comité ervirgehuewen a bemierkt, dass vill a gutt geschafft gëtt. Och huet hien vermierkt, dass trotz den Demarchen fir nei Sänger ze fannen, den Erfolleg awer leider net grouss war. Hien huet drop higewisen, dass d’Initiativen, déi vun der Chorale Schieren aus goungen fir e Concert am Kader vum 90. Gebuertsdag ze sangen, am lafe sinn, esou wéi och d’Gespréicher mat aneren Chorallen, wou schonns e puer Zousoen confirméiert goufen. Et wär dëst och eng Geleeënheet fir dëse Concert am neie Centre Culturel zu Schieren ze presentéieren.


Den Här Dechen Martin Molitor, huet am Numm vum ganzen Team vun de Paschtéier der Chorale an den Organisten e grousse Merci gesot der fir hir Presenzen an de Massen. Et ass eng wichteg Aufgab fir d'Gottesdéngschter gesanglech a musikalesch ze begleeden an ze verschéineren a gëtt den trauernde Famillen besonnesch an de Begriefnessmasser Trouscht.


De Piusverband war duerch den Här John Düsseldorf vertrueden, deen a senger Ried déi gutt Zesummenaarbecht vun der Chorale mam Verband ervirgestrach huet. Hien huet dunn folgend Medailen u verdéngschtvoll Memberen vun der Chorale ausgedeelt:

Eng Bronze Medaile fir 10 Joer Member vum Piusverband krut d’Monique Ley

D’Gold Medaile fir 30 Joer Member vum Piusverband huet krit d’Christiane Glod

D’Gold Medaile mat Palmetten fir 40 Joer Member war fir d’Léonie Plier-Meyers.

De Jos Bormann krut Merci gesot fir seng 60 Joer Memberschaft a kritt am Laf vum Joer en Diplom vum Kardinol Jean-Claude Hollerich iwwerreecht. Et sief awer och vermierkt, dass de Jos Zeimes am Juni 2022 déi verdéngschtvoll Medaile an zwar den Ordre de mérite du Grand-Duché de Luxembourg - Chevalier vun der Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht kritt huet.


Den Dirigent, d’Archivarin, d’Organisten esou wéi den Éierepresident kruten e klenge Cadeau als Merci fir hir Verdéngschter.


De Kommitee besteet aus folgende Memberen:

Éierepresident Jos Zeimes, President Jean-Paul Meisch, Sekretärin Monique Ley, Caissière Christiane Glod, Memberen: Marga Blasius Archivarin, Eliane Giulioni, Christiane Kremer, Liliane Seyler a Jules Wagener.

D'Keeserevisoren sinn Camille Schartz a Pierre Gillen.

D'Prouwe vun der Chorale sinn Donneschdes vun 18h30 bis 20h00