D’Frënn vun de Réimecher Guiden a Scouten feieren 20 Joer

Réimech. 1998 gouf d’Amicale vun de Réimecher Guiden a Scoute gegrënnt. Uleies war vun Ufank un, de Kanner aus dem Scoutsgrupp e richtegt « Doheem » ze bidden. Duerch hiren onermiddlechen Asaz an duerch d’Organiséiere vun diversen Aktivitéiten, wou sech alles ëm de Finanzement vun engem Home gedréit huet, ass et 2004 zum 1. Spuedestéch komm. 2005 huet de Grupp d’Aweiung vum Home gefeiert.

Zënterhier ënnerstëtzen d’Frënn vun de Guiden a Scouten de Grupp wou et nëmme geet. Mullefriess, Spargelsiessen, Catering beim Semi-Marathon a Gréin si sécher d’Héichpunkte vun hirem Scoutsjoer, woubäi awer och bei engem Rallye, op engem Camp oder enger Scoutsaktivitéit eng Hand ugepak gëtt. Desweideren droe Keelenowender, Ausflich a gemeinsam Trëppeltier zur Kollegialitéit bäi.

Fir dësen Anniversaire ze feieren, hunn d’Frënn vun de Guiden a Scouten mat der aktueller Chefequipe, den ancien Membere vun der Amicale an de Vertrieder vun de Gemengen, den 11. November um 11 Auer11 op e gemittlecht Zesummentreffen, mat engem Iessen am Scoutshome invitéiert. Als Wäertschätzung fir den Asaz vun der Amicale, huet d’Chefequipe den aktuelle Memberen e Cadeau offréiert.