Iwwer 200 Leit hunn de Samschdeg, 30. Mee, de Wee op d’Place Clairefontaine fonnt, fir dogéint ze protestéieren, datt d’Ofdreiwung als eng „garantéiert Fräiheet“ an d’Verfassung ageschriwwe gëtt. Virum definitive Vote hunn d’Deputéiert nach Zäit, hir Entscheedung ze iwwerdenken. Mir hunn dozou opgeruff, d’Recht op Liewen mat der Mënschewürd an der Verfassung ze kombinéieren. - Fraen mat ganz verschiddenen Erfarungen hunn temoignéiert an sech resolut fir de Respekt vum Liewen ausgeschwat. Et war e Fest fir d’Liewe, mat ville Jonken, flotter Musek an suguer engem Danz fir d’Kanner.