D’Schoulmeeschtere vun der Promotioun 1957 hu sech erëmgesinn

D’Promotioun 1957 huet sech dëst Joer, 61 Joer nom Examen an där fréierer Normalschoul an der “Jofferegässel” (rue de la Congrégation), op Invitatioun vum Kolleg Roger Folmer, wéi gewinnt, den 2. Freideg am Oktober, fir hire Konveniat getraff. D’Kollege vum “Élève invisible Flammang” haten sech RV ginn um Glacis beim neien Tramsarrêt “Theater”. Vun do aus huet de Rosch si bei all déi nei “Spillsaachen” gefouert, woumat een sech haut an der Stad “ameséiere” kann, déi ower haaptsächlech geduecht sinn, fir de Verkéier méi flësseg ze gestalten! Laanscht d’Fondatioun Pescatore goung et bei de Lift fir an de Pafendall. Vun do aus mat deem klengen, neie Bus, dee selwer fiert, bis bei den CFL Halt an de Pafendall, wou déi al Hären sech mat der Seelbunn op de Kierchbierg féiere gelooss hunn, fir do dee fuschneien Tram erop an erof auszeprobéieren. Déi eeler “Monnien” woren sech eens, datt si, wann si nach net pensionéiert wären, bei der Bewäertung vun all deene modernen Transportmëttelen kee roude Bic gebraucht hätten; et wären elauter Eente ginn! Bei engem gudde Mëttegiessen am Restaurant “Come Prima”, wou och nach 1 Minutt un déi 5 Kollege geduecht gouf, déi si an deene leschten 8 Méint fir ëmmer verlooss hunn, goufen si sech RV fir deen nächsten 2. Freideg am Oktober 2019.