E Lycée dee weess, wat ‘sech passt’ !

Den 19. Dezember huet de Lycée MICHEL RODANGE sengem Patréiner d‘150 Joer vu sengem REENERT mat enger feiner akademescher Sëtzung gefeiert. Praktesch e ganze Fligel vun der Schoul war mat wonnerléiwe Biller vum Reenert illustréiert. Den Här Direkter Jean-Claude Hemmer huet seng Begeeschterung fir dat éischt voll literarescht Wierk aus eiser Sprooch gesot, deem säin éischte Virgänger, den Här Pierre Goedert, dem ‚Waldbëlleger Jong‘ 1972 dann den Numm ginn huet.

D’Actioun-Lëtzebuergesch huet, zesumme mat dem Staatsbeamtesyndikat CGFP dem ‚Rodange-Lycée‘ fir dës Geleeënheet e Bronze-Portrait mam Dichter geschenkt, deen eng Éiereplaz am Gebai kréie wäert.

An der Sëtzung hunn dann d’Madame Catherine Millim, den Här Jean- Luc Schleich, den Här Alain Atten an den Här Commissaire Marc Barthelemy de Rodange, säi Liewen a säi Wierk, an den Här Barthelemy d’Regierungspläng fir eis Sprooch an den nächste Joere magistral virgestallt.

Duerno guff dem Julien Lefèvre säi bronze Portrait vum Rodange dem Lycée vun der Actioun-Lëtzebuergesch an der CGFP feierlech iwwerreecht.

Vläicht ass et an dësem Zesummenhank net oninteressant ze ernimmen, datt déi éischt Auteuren an eiser Sprooch – grad ewéi déi allermeescht duerno – Staatsdénger waren; fir eis Heemecht, eist Land, op dat mir houfreg sinn.

L.R.

PHOTO: Lex Roth; Jean-Claude Hemmer; Patrick Kaell an d’Mme Catherine Millim