Eng besonnesch Krëppchen

Eng besonnesch Krëppche steet zanter e puer Joer an der Palliativ-Statioun vum CHL-Eech. Lenks gesäit een d'Uelzecht, riets uewen spaant sech d'Rout Bréck iwwert de Stall vun der Krëpp: Betlehem ass an d'Stad versat. Gebaut gouf d'Krëppche wärend der Adventszäit 2016 vun engem onheelbar kranke Patient aus der Palliativ-Statioun; hien ass op Chrëschtdag 2016 gestuerwen. Zanterhier kënnt d'Krëppchen all Joer an der Chrëschtdagszäit erëm zu Éieren.