Kalenner 2018

D’Mammejongen sinn eng Grupp vun Kollegen déi et sech zu Häerz geholl hunn Evenementer zu Lëtzebuerg ze organiséieren, aner Evenementer mam Verkaf vun Iessen an Gedrénks ze ënnerstëtzen an dobäi ëmmer fir gutt Stëmmung ze suergen. Ons d’Ziel ass et fir sou vill wei méiglech vun deenen gewonnenen Suen fir den gudden Zweck ze spenden. An onsem éischten Joer hunn mir mat der ASBL „Een Häerz fir kriibskrank Kanner“ geschafft. Zesummen mat den Kanner hunn mir Kalenneren gemaach, déi een bei ons ze kafen krit. Um Enn vum Joer wäerten mir dann een groussen Deel vun deenen duerch datt ganzt Joer verdéngten Suen un si spenden.