#klibberen #klibberegoen #klibberen2026
Maacht mat - mellt eis, wann Dir am Duerf/Par klibbere gitt.
D’Karwoch ass fir d’Massendénger eng flott Zäit – ënner anerem gi si déi Deeg duerch d’Dierfer klibberen. Et wier flott, wann Dir eis matdeele kéint, a wéi engen Dierfer an Ärer Par klibbere gaange gëtt.
Denkt w.e.g. drun, fir am Viraus ofzeklären, ob d’Kanner/d’Jugendlech fotograféiert ginn dierfen. En Textmodell, fir d’Erlabnis, fir Fotoen ze maachen hu mir virbereet – Dir fannt deen op eiser Homepage oder kontaktéiert eis op massendenger@cathol.lu.
Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung !
Iech all nach eng gutt Virbereedungszäit op Ouschteren .
direkte Link fir bäi "Klibberen 2026"
https://web.cathol.lu/article14647