Lidderuucht Lëtzebuerg World Folklore Festival San Remo 2022

D‘Lidderuucht war gefrot ginn fir 2020 um World Folklore Festival San Remo deelzehuelen. D‘Begeeschterung war grouss an et ass sech gutt preparéiert ginn, mee leider huet d‘Covid Pandemie 2020 e Stréch duerch d‘Rechnung gemaach, esou dass fir 2021 nei geplangt gouf. Et blouf beim plangen a wéinege Prouwen, esou dass de Festival vun Organisateur ofgesot an op 2022 verluecht ginn ass. Am Ufank vum Joer 2022 war nach net sécher op de Festival kënnt ofgehale ginn, mee mir hunn ons gutt virbereet a waren prett, wéi mer gesot kruten dass den World Folklore Festival San Remo géif ofgehalen ginn.

Endlech konnt et lass goen. Mat flotten Optrëtter zu Diano Marina ; San Marino an zu Cannes, huet d‘Lidderuucht mat sengen lëtzebuerger Lidder d‘Leit begeeschtert, a mat vill Luef, Lëtzebuerg, gutt vertrueden . Leider war den Organisateur mat senger Organisatioun net ëmmer op der Héicht an huet dach vill ze wënschen iwwerech gelooss. Et huet trotzdeem vill Freed gemaach fir deelzehuelen, well d‘Ambiance ënnert allen Folklorgruppen war glécklecherweiss grouss.

Weider Infoen op www.lidderuucht.lu