Neie Comité, nei Motivatioun, nei Iddie bei der Lipödem Lëtzebuerg asbl

D'Joer 2020 fänkt am Kampf fir Lipödem-betraffe Frae ganz nei un. D'a.s.b.l. Lipödem Lëtzebuerg start dëst Joer mat engem neie Comité. Motivéiert, mat villen neien Iddien, wëllen si fir d'Rechter an Opklärung vun der Krankheet Lipödem a Lëtzebuerg kämpfen. Heibäi handelt et sech em eng schmäerzhaft Fettverdeelungsstéierung un Ärem a Been un der all zéngt Fra betraff ass. D'a.s.b.l. kläert op an informéiert betraffe Fraen. Ausserdeem kämpfen si fir eng gerecht Behandlung vun dëser Krankheet. Méi Infoe kann een ob www.lipoedem.lu fannen.