,📷
Ofschloss vum 100. Anniversaire vun de Chantres de St-Joseph vun Zéisseng
D’Feierlechkeeten vir hiren 100. Anniversaire hun d’Chantres de St-Joseph mat engem
Concert spirituel « In Memoriam Paul Philippy » ofgeschloss.
D’Festivitéiten hun den 06.12.2020 mat enger Radiosmass ugefaang.
Den 15.08.2021, dem Grënnungsdatum vum Chouer, hun d’Chantres eng feierlech Mass gesongen, an den 05.12.2021 huet de Kanner-a Jugendkouer vum Stater Conservatoire ënnert der Leedung vun der Madamm Sylvie Serra-Jacobs en impressionanten Adventsconcert présentéiert
De méi wéi gelongenen Ofschloss war awer op Christi HImmelfahrt, den 26.05.2022 de Concert spirituel
« In Memoriam Paul Philippy ».
Ënnert dem Haut Patronage vun der Union St-Pie X an der Gemeng Lëtzebuerg haten d’Chantres de St- Joseph fir dësen ganz speziellen Concert an d’Zéissenger Porkierch agelueden fir hiren langjähregen Organist / Dirigent / Arrangeur an Kompositeur Paul Philippy ze éieren, deen leider 2017 vill ze fréi verstuerwen ass.
Ënnerstëtzt goufen si vun 6 Chorallen mat deenen de Paul am Laf vun de Joeren frëndschaftlech verbonnen war, d’Chorales Ste- Cécile vun Schuller/Sprénkeng, vun
Ehleng/Mess,vun Garnech/Duelem, vu Märel, vu Réiser/Crauthem a vu Sandweiler.
Nodeem de Concert 2020 an 2021 huet missten verluecht ginn stoungen den 26.05.2022 méi wéi 60 Sängerinnen a Sänger ënnert der Leedung vun der Madamm Pascale Philippy ëm den Altor vun der Zéissenger Kierch an där de Paul Philippy selwer sou laang aktiv war.
Als Entrée ( Air en ré J.S. Bach) an als Sortie ( Toccata « Klagt in Leid » Me A. Leblanc) sinn Uergelstécker gewielt ginn, déi de Paul selwer oft gespillt huet a wou een d’Gefill hat de Paul séitz erëm op der Uergelbänk.
Dëss Kéier huet de Patrick Colombo dëss Charge iwwerholl an och d’Chorallle begleed.
Déi schéin Begleedung op der Flût vum Laura de Carolis a vum Jean-Claude Thilges huet dem Concert e speziellen « Touch » ginn.
D’Presidentin vun de Chantres d’ Romaine Schmit- Leider huet ausser der Union St-Pie X an der Gemeng Lëtzebuerg och dem Kierchefong, Sektioun Lëtzebuerg-Ouest, Merci gesot dass de Concert konnt am « Paul senger Kierch » stattfannen. E Merci ass och un de Paschtouer Michel Majerus gaang fir seng Ënnerstëtzung, ‘deen awer deen Dag leider net konnt do sinn.
D’Dirigentin Pascale Philippy ass an hirer Usprooch kuerz drop agang wéi de Paul mat deenen verschiddene Kéier verbonne war.
De Roger Nilles, zanter laangem mat de Chantres verbonnen, huet als Conférencier duerch en ofwiesslungsräichen Programm, eng Rees duerch dem Paul säin musikalescht Wierk, gefouert.Hien huet a sengen Ausféierungen déi musikalesch Vielsäitegkeet vun engem sympatheschen a gesellege Mensch erausgestallt.
Schon mat 16 Joer huet de Paul an der Zéissenger Kierch d’Uergel gespillt.Vun 1973 un , wou hien d’Relève vum Här René Hemmer iwwerholl huet, bis 2002 war hien Dirigent vun de Chantres de St-Joseph. Am Laf vun de Joeren huet de Paul méi wéi 100 Lidder arrangéiert an ëmgeschriwwen ; donieft huet hien méi wéi 20 Lidder a Massen komponéiert déi bis haut eng fest Plaz am Repertoire vun de Chantres hun.
D’Nolauschterer konnten Kompositiounen an Arrangementer héieren, déi dem Paul säin déiwe Glawen, seng Veréierung fir d’Consolatrix awer och seng grouss Liewensfreed erëmgespiggelt hunn.
Ze ernimmen wieren de Kyrie aus der Mass « Pro Gratiarum Actione », déi de Paul wärend engem Spidolopenthalt konzipéiert an duerno komponéiert huet, grad esou wéi d’Lidd « Sancta, Sancta » dat hien nach e puer Méint virun sengem Dout nei arrangéiert huet.
De Paul huet op méi ewéi 60 Uergelen am In-an Ausland gespillt an hat seng eegen Uergel doheem. Op säi Wonsch huet déi Uergel hautzudags eng Éiereplaz an der Kapell vum Hospice Civil zu Hamm fonnt.
D’Madamm Schmit-Leider huet deenen méi wéi 60 Sängerinnen a Sänger, dem Organist an de Flûtisten e grousse Merci gesot fir hiren Engagement a besonnesch och der Dirigentin Pascale Philippy fir déi gelongen Auswiel vun de Lidder aus dem grousse Repertoire vu hirem Papp, hir gutt Aarbecht , hier Dynamik an hir Gedold beim Aprouwen vum Concert.
Dass d’Chantes de St- Joseph konnten hier 100 Joer feieren ass de Verdéngscht vun de Sängerinnenn a Sänger déi wärend dëser laanger Zäit hier Stëmm, hiren Enthusiasmus a hiren Engagement an den Déngscht vum Chouer gestallt hunn a weiderhin stellen-
Allen fréieren an aktuellen Chantres e grousse Merci.
Fir de comité vun de Chantres de St- Joseph