D'Kanner aus dem Foyer Kiem vum Kirchbierg hun aus recycléiertem Material Better fir Hënn a Kaze gemaach. D'Recette vun deem Projet sin den 19. Juni dem Gaasperecher Déierenasyl iwwerreecht gin, a Präsenz vun der Madame Buergermeeschter Lydie Polfer.