Remise chèque vum Fieldgen fir d'Fondation Follereau

Zënter iwwer 60 Joer organiséiert d’Privatschoul Fieldgen d’ « Semaine Follereau » zu Gonschte vun engem Projet dee vun der Fondation Follereau gedroe gëtt. Ufanks wor et fir de Kampf géint d’Lepra a verschiddene Länner z’ënnerstëtzen, haut bleift de Grondgedanke weider bestoe fir Leit, déi aus der Gesellschaft ausgeschloss goufen, et z’erméiglechen de Wee zréck ze fannen an ee wierdegt Liewe kënnen ze féieren.

Dëst Joer hunn d’Schüler an d’Schülerinne vum Fieldgen nach eemol groussen Asaz gewisen a fir de Projet Formation professionnelle zu Ségou am Mali 22 913€ gesammelt. Dëse Montant erméiglecht eis d’Käschte vum Projet fir 2018 ganz ze decken an soumat ze garantéieren datt déi verschidden Aktivitéiten, déi virgesinn wore kënnen ausgefouert ginn.

Mir drécken de Schüler a Schülerinnen an dem engagéierte Personal vum Fieldgen nach eemol ee ganz grousse Merci aus.