Mir wëllen deenen zwee Kënschtler Rose Antony an Alex Thill ganz härzlech Merci soen!
Si hunn an enger gemeinsamer Ausstellung mat Molereien a Geschichten aus Leem Suen gesammelt, déi si fir e gudden Zweck gespent hunn. Den Treffpunkt ADHS asbl ass immens houfreg, haut e Scheck vu 650 Euro entgéintzehuelen. Merci fir Är Kreativitéit an dës groussaarteg Ënnerstëtzung vun eiser Aarbecht!