Zuchstreck: Kautenbach-Wolz-Kautenbach

Zuch teschend Wolz a Kautenbach:
Zuchstreck vu Kautenbach op Wolz as eng wichteg Eisebunnsverbindung am Norden fir vu Wolz an Stad ze kommen.

Fréier as déi Streck mol virun gang iwert Schleef bis op Bastnech, wou haut Vélospist driwer geht.

Leider gouf déi Streck zougemat, wéi se munch aner Eisebunnsstrecken (Rumelange-Ottange oder Péiteng-Steinfort-Bissen-Ettelbreck) am Land och, wat menger Meenung och é Fehler war.

Et as domat wéi mat den Tramlinnen an Stad, anplatz déi Linnen ze moderniséieren an ze reorganiséieren, muss haut den Tram komplett nei gebaut gin.