ENDLECH ALASKA!
JAY SCHILTZ / CLAUDE MANGEN
Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a Marcel of.
No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska) an dem Marcel sengem Ausflug an d’Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?), maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn...
Och am drëtten Deel sinn d’Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.
Mëttwoch - 28.11.2018 - 20:00
Präiser: Komplette Präis: 20€ /Reduzéierte Präis: 8€ /Kulturpass : 1.5 €
Dauer: 60 Minutten
Sprooch: Lëtzebuergesch
Plaatz: Kinneksbond Centre Culturel Mamer