Forum-Theater zum Thema Haislech Gewalt
01
Dez
2023
01 Dez
D’Gemeng Mamer, zesumme mat de Gemenge Stengefort a Stroossen esou wéi dem Ministère fir Gläichstellung tëschent Männer a Fraen (MEGA), organiséiert am Kader vun der Orange Week e Forum Theater zum Thema Haislech Gewalt.
Dës interaktiv Theatervirstellung op lëtzebuergesch a franséisch ass den 1. Dezember 2023 um 19.00 Auer am Festsall zu Holzem (5, Route de Garnich).
Den Entrée ass gratis. Et gëtt awer ëm Umeldung gebieden op activites.steinfort.lu.