1.500 Euro fir Objectif Tiers Monde Haiti

D'Fraen a Mammen Holzem hunn en Scheck vun 1.500 Euro un d'OTM Haiti iwwerreecht.

Et handelt sech bei dem Betrag ëm den Erléis vum Basar, deen d'läscht Joer am November zu Holzem ofgehal ginn ass.

De Scheck hunn d'Vertrieder e.a. den Här Henri Dostert vun der OTM entgéint geholl.

Zënter 1985 schafft d'OTM an Haiti. Hiert Ziel ass eng Hëllef zur Selbsthëllef duerch Formatioun an de ländleche Géigenden.

Hier Aarbecht baséiert op dem Engagement vu Benevolen, déi hier Fachkenntnisser weidervermëttelen, fir zesummen d'Entwëcklung vum ländleche Raum weider ze bréngen. Esou suergen si, dass d' Dierfer an den Bierger Stroum a proppert Waasser kréien. E neie Projet, zesummen mat Ourdensschwësteren vun Matel, ass e Killhaus ze bauen fir d' Liewensmëttel länger haltbar ze lageren.

Weitere Neuigkeiten von Marcelle Biver >