Al a modern Landwirtschaft

Bis Gras driwwer wiisst ...

Der Maschinn geet et grad sou wéi dem Mënsch ,

No ville Jore schaffen kënnt d'Pensioun !

D'erfëllt een sech dann och gäer all seng Wënsch ,

Oder et wëllt een nëmmen nach seng Rou !


Déi eng hunn een Hobby, déi aner een Hond ,

Déi eng maache Sport, déi aner Kultur !

Dat wichtegst ass wuel: et bleift ee gesond !

T'kann een nach vill Jore gon op den Tour !


D'Maschinn déi freet keen, si kann och näischt son !

Eng si fir Hobby tip-top eraus gefiizt ,

Anrer bleiwen vergiess iergendwou ston !

Et denkt kee méi drun bis Gras driwwer wiisst !