Am Home Pour Personnes Agées zu Mamer ass gefeiert ginn

Den 23. Abrëll goufen am Home Pour Personnes Agées zu Mamer bei der grousser Gebuertsdagsfeier déi Bewunner geéiert, déi tëschent dem 30. Januar an den 23. Abrëll Gebuertsdag haten.

D’ Direktiounsequipe huet den Gebuertsdagskanner alles Guddes gewënscht an hinnen en klenge Kaddo iwwerreecht. No enger gudder Coupe Cremant huet den Willy den ganzen Nomëtteg mat Ënnerhalung an Danzmusek fir eng gutt Stëmmung gesuergt. D‘ Bewunner konnten mat hire Famillje bis an den Owend eran feieren, deen schlussendlech mat engem gudde Maufel an engem Stéck Kuch op en Enn gaangen ass.

Follgend Bewunner sinn geéiert ginn:

Mme Roderes-Baum Marie-Paule 81,

Mme Conrad-Wiltzius Anne 83,

Mme Reding-Feitler Madeleine 84, Mme Clement Monique 84,

Mme Jeblick-Steinbach Lily 84, Mme Feller-Leiner Josette 87,

Mme Mettenhoven-Kayser Margot 87,

Mme Closener-Pierret Monique 89,

Mme Hansen-Mergen Félicie 90, Mr Wolff Jean 90,

Mme Hoffmann-Pettinger Denise 90,

Mme Kaiser-Rupp Anne-Marie 90,

Mme Lallemang Emilie 91, Mme Noesen-Weintzen Suzanne 93,

Mme Breger-Kongs Catherine 93, Mme Fischer-Veyder Josette 93,

Mr Kaiser Robert 94, Mr Henn Arthur 95,

Mme Meyrer-Koch Colette 97,

Mme Brunsfeld-Feiereisen Julie 97,

Mme Jaeger-Entringer Germaine 99,

Mme Delbrouck-Sevenig Marie Anne 99