Dat ass kuriéis !

Dat hei ass déi modernst Wiederstatioun !
Wat si uweist ass klor wéi Sonn a Mound !
Werft déi Klaz ee Schied, sécher schéngt dann d'Sonn !
Ass d'Klaz awer naass, reent et an der Ronn !
Wann d'Klaz sech beweegt, ass dru schold de Wand !
A wann d'Klaz wäiss ass, schneit et iwwer Land !
Ass d'Klaz emol net méi hei op hirer Plaz,
Gouf si geklaut an t'war alles fir d'Kaz !