Een neien Auto? Jo! Ma kuck emol : ass och alles drun !


De Winker um Auto, eng liewenswichteg Saach !

Vill Fuerer hunn dat nach net agesinn !

Ma alzedacks bréngt dat een an eng quoklech Lag !

An et rabbelt ier een sech huet ëmsinn !


De Winker weist deem hannendrun wouhin et geet !

Dann ass deen net opeemol iwwerrascht

A freet sech wuerfir dann opeemol näischt méi leeft !

Ier en vun lauter Roserei bal bascht !


Kee Stress an Ierger am Auto, ass gutt gesot !

Wéi muench Fuerer sech do behëllt, ass schro !

Duerch sou Manéi’ren sinn déi aner da geplot !

Wien um Enn awer d'Schold kritt, dat ass d'Fro !


De "code de la route" ass doran däitlech a klor !

Hätt dach blous eisen Auto ee Gehir !

Mir wiren am Rond-Point vill manner a Gefor !

Ee grousse Merci kréich d'Technik dofir !