Elo kënnt dem Kiewerlék säi Mount !

Jo dee Meekäfer oder Meedéier ass jo eigentlech ee Kiewerlék, esou huet emol den Dicks dat Déierche genannt ! Ech hu säi Lidd an een anert hei ugehaang !

Et Gëtt jo och gäer gesot : « dat ass ee flott Kierwerléck » Awer dee kann net fléien !

Ma mir hate fréier schonns eise Spaass mat deene eenzegaartege Déiercher an hu se vun de Beem gerëselt an dann a Schongkëschten ( mat Otemlächer dran ) wéi Hausdéiercher gehalen a mat Zalot gefiddert ! Esou hu si eis dann ee Mount laang beschäftegt an erfreet !