Fouer hin oder hier, et gëtt awer een Eisekuch !


Op den Oktav-Mäertchen an op d’Schuberfouer gi mir dëst Joer net !

Duerfir gëtt do aner Weeër gesicht. Beim Jean la Gaufre kann ee seng Eisekuchen per « Handy-App » bestellen an dann zu Leideleng ofhuelen !

De « Jean la Gaufre » mat séngen Eisekuchen ass säit 1959 um Mäertchen an op der Fouer ! Et gëtt dee Betrib, vun der Famill Vandervaeren, schonns säit 130 Joer.

Als Trouscht dofir, hei ee Lidd, dat ech fir déi Geleeënheet geschriwwen hunn op d’Weis vum Hämmelsmarsch, dat « d’Becheler Sänger» 2018 op der Schueberfouer gesongen hunn.