Konscht am Haff vum LJBM

An engem flotte Projet hunn d’Schüler aus der Voie de préparation d’Mauere vum Lycée Josy Barthel Mamer verschéinert, dëst ënnert der Leedung vun de Kënschtler Daniel Mac Lloyd a Raphael Gindt aus dem “Kamellebuttek”. Ënnert deene villen impressionante Biller ass och ee Portrait vum Josy Barthel, deem säin Numm mir als Lycée ganz houfreg droen. A Präsenz vun der Famill Barthel, dem Här Daniel Mac Lloyd, de bedeelegte Schüler an Enseignante goufen d’Konschtwierker elo vum Här Christnach offiziell ageweit. E Merci geet u jiddereen, dee bei dësem Projet matgehollef huet.