Wann ee laacht da laacht mat - Colette a Fernand Wark Revival

No deem groussen Erfolleg vum Colette a Fernand Wark Revival 2017 zu Rued Syr am Syrkus, organiséiert vun Ons Lidder a.s.b.l , ass an der Gemeng zu Betzder e Scheck iwwereecht ginn un de Leederwon a.s.b.l. De 16.Mäerz 2019 ëm 20 Auer ass elo zu Mamer am Festsall vum MamerSchlass erëm en Owend zu hiren Eiren ënnert dem Motto: Wann ee laacht, da laacht mat. Zousätzlech zum Lidder- ,Witzer- a Sketcher Owend ass am Foyer vum Mamer Schlass eng kleng Expo mat Erënnerungsstécker vum beléifte Lëtzebuerger Duo. D`Kulturkommissioun vu Mamer invitéiert op e flotten Owend mat Ons Lidder a.s.b.l. Reservéiere kann een seng Plazen um 310031-1.