D'Kommiounskanner vu Manternach ënnerstëtzen eng Schoul a Brasilien

Am Kader vun enger Kannermass zu Lelleg hu vru kuerzem d'Kommiounskanner aus der Gemeng Manternach e Chèque vun EUR 540,- un den Deche Claude Bache iwwerreecht, dee Prësident ass vun der ONG "Les Amis Ayudame Luxembourg". Mat deene Sue wollten d'Kommiounskanner hir Freed mat deene Kanner aus Brasilien deelen, deenen et net esou gutt geet, wéi hinne selwer. Den Dechen huet - a Begleedung vun der Vize-Prësidentin Josée Stumper-Majerus - de Kommiounskanner an hiren Elteren e grousse Merci fir hir Genorositéit gesot an hinnen unhand vun engem Diasmontage gewisen, wou hir Suen investéiert ginn. D'ONG ënnerstëtzt zënter enger Rei vu Joren eng Schoul am CEIFAR (Centre d'intégration familiale) en engem vun deenen äermste Quartierë vu Salvador de Bahia/Brasilien. An där Schoul, déi vun enger belscher Coopérante, de Simonne De Bouck gegrënnt gouf, sinn iwwer 300 Kanner ageschriwwen, déi nierft enger schoulescher Ausbildung och medezinesch versuergt ginn. Ganz grouss geschriwwe gëtt do och déi musikalesch Formatioun, an d'Schülerinnen an Schüler fannen dacks iwwert d'Musek an dem Danz hire Wee an d'Liewen.(C.B)