Stroossemaart Letzebuerger Produkter
um weitere Bilder zu sehen.
Wëllkomm op dem eenzegaartege Stroossemaart mat Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach! Mir hunn am Ländche gutt Saachen, kommt kucken a schmaachen! Et ass eis e Pleséier, d’Aussteller vun de Lëtzebuerger Produkter zu Miedernach ze begréisse. Wéi soss, fannt Dir hei alles wat Guddes am Ländche produzéiert gëtt, vum gudde sëffege Lëtzebuerger Béier, iwwert den Hunneg bis bei eis gutt Ham. Och aus de Regiounen, wéi de Mëllerdall, dem Eislek, der Musel a vu ronderëm de Stauséi gëtt et eng Hellewull flott an originell Wueren, déi mat vill Léift produzéiert ginn. D’Visiteure kënnen d’Produzente perséinlech kenneléieren, hir Produkter schmaachen an natierlech och kafen. Mir freeën eis op Äre Besuch an hoffen dat mer zesummen e schéinen Dag verbréngen kënnen
10.00 - 18.00 Auer: ass de Stroossemaart op
10:00 Auer: offiziell Ouverture mat Éieregäscht
Bei der Ouverture ass d’Daaf vun enger Rous op de Numm “AERENZDALL LUCKY RED” mat Patrimoine Roses Luxembourg asbl
Vu 12:00-14:00 Auer op Bestellung um Tel 83 71 86 oder iwwert www.medernach.info:
* Fierkelshämmchen mat Sauermous an Gromperen (25,00 euro)
Et gëtt och e Grill vun de Mëllerdaller Produzenten, Eisekuchen vun den Eppelduerfer, Fritten mat dem Club des Jeunes Aerenzdall a genuch ze schmaachen op de Stänn.
14.30 Auer: Musikalesche Kader mam Duo Lisa a Rol
Als flotten Extra : Sprangschlass & Sand-Spill-Raum fir Kanner
Eise Stroossemaart Lëtzebuerger Produkter probéiert eng nohalteg a klimafrëndlech Organisatioun vun dësem Evenement an ze halen, woubäi mir besonnëg op follgend Krittären vill Wäert leeën:
- mir verzichten bewosst op Eeweegeschier an reduzéieren de Gebrauch vu Plastik op e strikte Minimum
- Iessen a Gedrénks gëtt et gréisstendeels lokal, regional, vegetaresch an Bio, an fair gehandelt.
- mir reduzéieren eisen Reschtoffall op e Maximum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren. Denkt dofir wgl. drun en Akafskuerf mat ze bréngen
De Parking an der Uertschaft ass limitéiert. Versicht mam ëffentlechen Transport ze kommen : follgend Buslinnen fueren Sonndeg den 1. September duerch Miedernach : 191 -231 – 233 – 241 – 250. D’ Auerzäiten fannt der op www.mobiliteit.lu
Dir kënnt och mam Vëlo kommen iwwert den PC5 zwëschent Feels an Miedernach.