Wake Up! Festival

17
Jun
2023
17 Jun

Léif Frënn vun der Miedernacher Musek


No enger éischter Editioun vum Wake Up! Festival, 2022, ass et eis eng grouss Freed fir Iech de 17. Juni 2023 erëm op Miedernach ze invitéieren.

​Dee groussen Erfolleg vun 2022 huet eis bewisen, dass eis Iddi hannert dem Festival gutt ukomm ass an esou ass et eis och fir 2023 erëm ee grousst Uleies fir als Duerfveräin den Awunner aus der Gemeng, der Ëmgéigend oder souguer aus dem noe Grenzgebitt ee kulturellen Highlight ze offréieren. Mir wëllen dozou bäidroen, datt d’Duerfliewen zu Miedernach weiderhi besteet an dass d’Leit sech ënnerenee kenneléieren, sech net auserneen liewen, mee als Gesellschaft zesummeliewen.

​Aus dësem Grond ass et eis och immens wichteg, dass den Entrée vum Wake Up! Festival fräi ass.

​Op d’museksbegeeschtert Visiteure waarden no engem groussen Erfolleg 2022, dëst Joer Museksveräiner aus der noer a méi wäiter Ëmgéigend, esou wéi Concerte vun ausseruerdentleche Bands. Esou erwaarden Iech dëst Joer ab 14.00 Auer d‘Jugendensemblë vun der Miedernacher a Schierener Musek, déi Waldbëlleger– Schierener a Päreler Musek. Owes geet et da mat excellente Bands wieder. Sou sinn dat ab 19.00 Auer „The Cookies“ (L), “Cynthia Nickschas & Friends”(D) a “Wille and the Bandits” (GB). Als Offschloss vum Owend luet d’DJane Haasi mat musikalesche Cruen aus de 60er Joren bis haut zum Danzen an.

​De Wake Up! Festival fënnt op der pittoresker Platz, nieft der Miedernacher Kierch statt. Zentral geleeën ass de Festival esou vum ganzen Duerf aus ze Fouss ze erreechen. Parkingsméiglechkeete ginn et bei der neier Sportshal vu wou aus eng Navette wäert zirkuléieren. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.


______________________________


Line Up


14:00: Jugendensemebl Fanfare Medernach

14:30: Jugendensembel Schierener Musek

15:00: Waldbëlleger Musek

16:15: Schierener Musek

17:30: Päereler Musek

19:00 :The Cookies

20:30: Cynthia Nickschas & Friends

22:00: Wille & The Bandits

23.30: DJane Haasi


______________________________


www.wakeup-festival.lu