Vir den 90. Gebuertsdag vun Robert GEDINK, vu Medernach (Aerenzdallgemeng) hunn den Buergermeeschter Bob Bintz an d’ Scheffen Jemp Schmit an Daniel Baltes, an och Vertrieder vum „Syndicat d'Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng“, him gratuléiert.
D’ Vertrieder vum SIT Aerenzdallgemeng hunn den Jubilar mat engem Ausdrock vun sengem Stammbam iwwerrascht, mat Virfaren bis 1530.
Robert GEDINK gouf den 26. November 1936 zu Julianadorp an der Gemeng Den Helder an Nord-Holland gebuer. Seng Elteren waren Dirk VISSER an Catharina GEDINK. Duerch administrativ Hürden huet hien de Numm vun senger Mamm kritt, an deen och säi Liewe laang behalen. De Numm GEDINK hat verschidde Varianten, esou wéi GEDEKING oder GEUDINK.
D’Virfaren kommen haaptsächlech aus Nord-Holland zréck bis ongeféier 1780, wou der aus Nord-Däitschland (Oldenburg, Ost-Friesland, Westfalen) eriwwer komm sinn, do sinn Virfahren bis 1580 ze fannen.
Ee vun den weideren Virfaren war den Adolf KÜRSTEN, oder CURTENIUS op Latäin, den 1580 als Hof-Predikant zu Elberfeld an Däitschland tätig war. Säin Enkel, Johannes Theobaldus CURTENIUS, ass 1624 als rector am Gymnasium vun Harderwijk an de Westen vun Holland komm.
Den Robert ass 1954 op Lëtzebuerg komm, hien hat eng Annonce an enger hollännescher Bauerenzeidung gelies, dat e Kniecht gesicht gouf. Wou en sech do gemellt huet, war déi Plaz scho besat, mee en ass dunn un e Bauer vun Pëtten vermëttelt ginn, wou en dann seng éischt Plaz kritt huet. Hien hat deemools nëmmen 17 Jaar, also huet de Bauer fir hien missten garantéieren, soss konnt en net op der Gemeng Miersch ugemellt ginn.
De Robert konnt Däitsch, mee no e puer Deeg huet de Bauer gesot, mer schwätzen elo nëmmen nach Lëtzebuergesch, an dat huet dunn och gudd geklappt, hien huet déi Sprooch seng eegen gemaach.
Wëll et him esou gudd zu Lëtzebuerg gefall huet, sinn seng Bridder an Elteren no a no och op Lëtzebuerg komm, an sech och integréiert an hiren eegene Wee gesicht. 1963 ass hien mam Corrie GOUDA bestuet ginn op der Gemeng zu Medernach, an si hunn bis 2007 zesummen glécklech gelieft, bis Si gestuerwen ass.
1956 ass den Terrain um Kéngert duerch d’ Elteren kaaft ginn, an dorauser ass eng Zäitlaang en Äerdbierfeld entstanen, awer vun Ufank un waren och Touristen do.
1966 ass dann déi éischt offiziell Geneemegung fir e Camping komm, an säitdeem huet sech villes entwéckelt. De Robert kann mat sengen 90 stoltz op säi Liewenswierk kucken. Säi Meedchen, Linda an hire Mann Semso Licina féieren de Camping weider, an hien erfreet sech u sengen Enkelkanner Boris an Alisa.
Mir wënschen alleguer dem sympatheschen Jubilar weiderhin all Guddes am Krees sengen Léiwen.
Syndicat d'Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng