Danzgala mat der Miedernacher Musik

Dest Joer stoung de Galaconcert vun der Fanfare Medernach ennert dem Motto “Danz”.

Den Dirigent, Georges Antony, hat ee ganz flotten an ofwiesselungsräiche Programm vu Klassik bis Pop zesummegestallt mat deem d’Musikanten de Publikum begeestere konnten. Teschent dem Klassischen Optakt vum Galaconcert, mat dem Slavischen Danz Nr.8 vum Antonin Dvorak, an zum Schluss, dem “Latin Pop Special” mat Lidder vum Enrique Iglesias a Ricky Martin, krut d’Fanfare bei “Dances with Wolves” Ennerstetzung vun dem Jugendesemble.

Eng besonnesch Erausfuerderung fir Musikanten a Dirigent war et déi genau passend Tempi bei Cha-Cha-Cha, lues Walz, Paso Doble, Tango, Samba, Wiener Walz, Rumba, Slow Foxtrott, Jive a Quickstep anzehale, wéi dräi Turnéierkoppele vun der Letzebuerger Danzsportfederation DSFL zu de Melodië vun der Fanfare Medernach hiert Kënne bewisen hun.

D’Latäinamerikanisch Dänz goufe vun der talentéierter Nowueskoppel Elena Stasi a Gaëtan Fontaine, déi bei hirer éischter Compétitioun virun e puer Wochen direkt eng zweet Platz erreecht hun, an dem Aliona Mosar-Filko mat dem Carlo Stasi, zweemoleg Gewenner bei der renomméierter TBW Trophy déi an der Senioren 1 B Klass untriede virgefouert. D’Standarddänz goufe présentéiert vum Barbara a Guy Wiesen-Pankratz, déi als eenzeg DSFL-Koppel d’Letzebuerger Faarwen an der héchster Startklass vun de Senioren op internationalem Niveau vertrieden, an op Platz 220 an der Weltranglest vertruede sen.

Op en Enn goung de Concert, no der Usprooch vum President Francis Hoffmann, mat zwou Zugaben, wou bei “Shall We Dance” nach emol Rumba a Quickstep gewise goufen, an du war et um Publikum fir zum Shostakovich sengem Walzer Nr.2 déi 150 qm grouss Danzpist a Beschlag ze huelen.

Foto: Bob Bintz