(Fotoen) D‘Lietsch – Eng traditionel Holzstee an der Äerenzdallgemeng

Samschden den 11.Mee gouf zu Miedernach beim Gillenshaff déi traditionel Lietsch vun der Gemeng ofgehalen. Et si ronn 100 Kuerden Holz un deen Meeschtbiddenden iwwergaangen.

D'Holzstee zu Miedernach ass en ale Gebrauch, deen schonns virun de Krich zréck geet. Fréier war d'Holzstee vun gréisster Wichtegkeet an sie huet och eng Haapteinnahmequell fir d'Miedernacher Gemeng duergestallt. Wann d'Holzstee gutt verlaf ass, dann hat d'Gemeng Suen, an folglech konnt och vill geschafft ginn. An der Zäit huet d'Stee nach 2 Deeg gedauert, do gouf nämlech den éischten Dag Notzholz, an den zweeten Dag dat anert Holz versteet, dat heescht Brennholz an Offallholz. Am Jar 1949 ass nach déi erstaunlech Zuel vun 600 Kuerden Holz versteet ginn. Zënter den 60 Jaren huet d'Holzstee, gläichzäiteg mam Opkommen vun de Masuttsheizungen un Wäert verluer, sou datt et 1993 nëmmen méi 40 Kuerden waren. Wëll och schonns fréier d'Miedernacher Leit gären a gudder an lëschteger Gesellschaft waren, hun d'Miedernacher Wirtschaften, déi iwwert eng Wanderkonzessioun verfügt hunn, sech ofgewiesselt, fir op der Stee en Stand mat Gedrénks opzeriichten. Sou as d'Holzstee zu engem flotten Treffpunkt ginn, wou och schonns alt bis an d'Nuecht eran "gesteet" ginn ass. Wéi dunn am Jar 1978 den Feeschter Paul Flesch, den deemolegen Verantwortlechen vum Miedernacher Dësch-Tennis, de Virschlag gemaach huet, sech der Organisatioun vun der Lietsch unzehuelen, huet de Veräin gären zougestëmmt. Sou huet den Miedernacher Dësch-Tennis vun do un all Jar fir Gedrénks an Gerilltes op der Holzstee gesuergt.
Dëst Jar hat den Syndicat d’Initiative aus der Aerenzdallgemeng seng Fréijoerswanderung och op deen selwechten Dag geluecht. Sou konnten mir no der Stee an no der Wanderung en flotten a gemittlechen Nomëtten mateneen verbréngen.