Scheckiwwerreechung an der Schoul „Am Weier“ Äerenzdall

E Méindeg, 23.10. 2023 konnten d’Schoulkanner, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Schouldirekter Gérard Roettgers, dem Schäfferot vun der Äerenzdallgemeng, der Maison Relais an der Elterevereenegung zwee Schecke vu jeeweils 3 000€ iwwerreechen.

Ee Scheck ass un d’S.O.S Kannerduerf gaangen an den zweeten un d’FAL – Fondatioun Autisme Luxembourg.

Mir spenden den Erléis vum Chrëschtmaart am Dezember 2022 a vum Schoulfest am Juli 2023.

Ee grousse MERCI geet u jiddereen deen eis bei eise Fester ënnerstëtzt an domadder hëlleft eppes fir de gudden Zweck ze maachen.